Buergbrennen 2024

18. Februar 2024

Den 18. Februar 2024 wor d'Buergbrennen zu Dickweiler. E grousse Merci un all d'Léit déi eis bei dëser Aktivitéit ënnerstëtzt hunn !

De Programm vum Dag:

10h00 : Treffpunkt fir opzeriichten
11h30 : Ophiewen goen
12h00 : Mëttegiessen
19h30 : D'Buerg gëtt ugefaang!
20h00 : Iessen op der Knupp

Generalversammlung 2024

Dickweiler, den 12. Januar 2024

Generalversammlung 2024

Déi Dickweiler hunn hir Generalversammlung den 12. Januar 2024 op der Knupp ofgehale. No der Versammlung gouf et en Iessen fir d'Memberen.

Folgend Aktivitéiten sin fir dëst Joer virgesin:

12. Januar : Assembée générale (Op der Knupp)

18. Februar : Buergbrennen (op der Héicht)

29. Juni : Dickweiler Duerffest (op der Duerfplatz)

11. November: Dickweiler Kirmes (Op der Knupp)

Dezember: Kleeschen (Op der Knupp)

Don un ARCUS asbl Kannerhaus

Remise don

„Déi Dickweiler asbl“ huet der „ARCUS asbl Kannerhaus“ vun Dickweiler den 12. Dezember e klénge Saach-Don a Form vun enger Réi Spillsaachen (Schlitter an en Trakter mat Unhänger) gemaach, fir dës flott Idee vum Kannerhaus an déi léif Equipe vun der Betreiung ze ënnerstëtzen!

 
 

Don un d'Association ALLM

Remise don

Déi Dickweiler hun den 14. Oktober 2023 am Kader vun enger Soirée am Restaurant Lakeside zu Iechternach en Chèque fir en Don un d'Association ALLM (Association luxembourgeoise de la lutte contre la mucoviscidose) iwwereescht.

 
 

Duerffest 2023

Den 17. Juni 2023 wor Duerffest op der Duerfplaz zu Dickweiler

Mir soen all de Gäscht a Sponsoren vum Dickweiler Duerffest 2023 e grousse MERCI an hoffen dir konnt e flotten Moment bei ons verbréngen!

E grousse Merci geet och un all déi Léit déi eng Hand ugepaakt hunn, sief et beim Op-an Ofriichten, um Grill oder an de Gedrénksstänn.

E grousse Merci un d'Uesweller Musek fir deen flotten Concert an un onsen DJ, den Gilbert vun der Jocky-Band!

Mir wënschen Iech e schéinen Summer an eng erhuelsam Vakanz an freeën eis fir Iech op dem Duerffest 2024 erëm ze gesinn!

Dir kënnt hei och nach e puer Fotoen vum Duerffest ukucken! 

75 Joer Ardennenoffensive

Dickweiler vor 75 Jahren, eine schwere Zeit für das Dorf und die gesamte Gegend

75 Joer Ardennenoffensiv

Seit der Landung der Alliirten am 6.Juni 1944 wurden die deutschen Truppen immer weiter Ostwärts gedrengt und bis hinter den Westwall zurück geworfen… in der Zeit zwichen Juli bis September drängten sich zahllose Fahrzeugkolonnen, Panzer und Infanterie durch unsere Gegend um über die Sauer “Heim ins Reich” zu gelangen… die Bevölkerung wartete ungeduldig auf die Amerikaner und hoffte, dass diese schnellst möglichst kommen würden, über die Sauer setzten und so den Krieg nach Deutschland bringen würden…. Alles kam jedoch anders, wie sich später herausstellte…

Dieser Artikel wurde von Georges Schmit verfasst.

Eis Aktivitéiten

 
Card image cap

Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg an am däitsche Grenzgebitt, an op verschiddene Plazen a Frankräich, deen doran besteet, fir de Sonndeg no der Fuesent (also den 1. Faaschtsonndeg, och nach Buergsonndeg genannt) e grousst Feier ze maachen, dat symbolesch d'Verbrenne vum Wanter duerstellt.

Card image cap

Mir organiséieren all Joers Enn Juni en Duerffest zu Dickweiler. Mir proposéieren e Concert vun enger Musek aus der Ëmgéigend an en DJ/Entertainer begleet duerch den Owend an suergt fir Musek an Stëmmung.

Iessen gëtt et vun eisem traditionellen Grill an Gedrénks vun onsem Gedrénksstand an eiser Gin/Cocktail Bar!

Fir weider Ofwiesslung suergen eng grouss Tombola an e Sprangschlass fir d'Kanner.

Card image cap

Mir spillen och mol eng Partie Petanque op eiser Pist op der Duerfplaz, oder eng Partie Kubb, oder maachen e flotte Barbecue.

Auf den Spuren eines US Soldaten

Am 27. August 2018 fand ein Besuch von historischem Hintergrund in Dickweiler statt. Katey Cannington Mishler aus Tennesse (USA) wollte einem guten Freund der Familie einen großen Wunsch erfüllen.

Auf den Spuren eines US Soldaten

James Younger zusammen mit seiner Frau aus Tennesse, der Sohn von Captain Yames Younger 4th Infanterie Division der während der Ardennenoffensive 1944/45 im Raum Dickweiler und Osweiler eingesetzt war.

Herr Younger wollte den Weg seines Vaters durch Frankreich, Belgien, Luxemburg und Deutschland während des Krieges nachverfolgen und die selben Orte Besuchen an denen sein Vater während der Zeit gewesen war…Der Kontakt kam über die Hompage von “Déi Dickweiler a.s.b.l” zu stande...

Eis Equipe De Comité

D'Kompositioun vum Comité vun Déi Dickweiler a.s.b.l.
Team member name

Georges Schmit

Président

 

Team member name

Jacques Zeimet

Vize-Président

 

Team member name

Mike Kremer

Secrétaire

 

Team member name

Martine Meyers

Trésorier

 

Team member name

Jules Francois-Weydert

Member

 

Team member name

Marc Hubert

Member

 

Team member name

Pitt Weydert

Member