Duerffest 2022
Mir soen all de Gäscht a Sponsoren vum Dickweiler Duerffest 2022 e grousse Merci an hoffen dir konnt e flotten Moment bei ons verbréngen! E grousse Merci geet och un all déi Léit déi eng Hand ugepaakt hunn, sief et beim Op-an Ofriichten, um Grill oder an de Gedrénksstänn. E grousse Merci un d'Rousperter Musek fir deen schéinen Concert an un onsen DJ, den Gilbert vun der Jocky-Band!
Den 25. Juni 2022 war Duerffest zu Dickweiler.
No zwee Joer Abstinenz war et rëm souwäit, Déi Dickweiler hun eng nei Editioun vun hirem traditionellen Duerffest oraganiséiert.
De Programm war:
18h00 : Ufank
20h00 : Concert mat der Rousperter Musek
Duerno : Musek mat der Jocky Band - Tombola
Fir den Honger an den Duuscht:
Barbecue - Currywurscht - Fritten - Gedrënksstand - Gin Bar