Duerffest 2024

No engem Joer Waarden ass et de Samschden, den 29. Juni 2024, erëm souwäit, dann ass endlech erëm d'Dickweiler Duerffest op der Duerfplaz zu Dickweiler!

D'Wieder spillt och hoffentlech mat sou dat engem flotte Fest näischt am Wee steet!Op der Menüskaart hu mir dëst Joer onsen traditionelle Grill, ons speziell Currywurscht an erëm am Programm : Kebab.

Mir hunn och erëm eisen traditionelle Gedrénksstand fir e gudde Patt ze drénken, an net ze vergiessen eis Gin-Bar wou mir Iech dëst Joer erëm 5 nei Zorte proposéieren! Mir bidden och e Gin Tonic 0.0 un!

Fir déi Kleng steet eis schéi Spillplaz direkt bei der Duerfplaz bereet. Am Laf vum Owend gëtt och rëm eng Tombola ausgespillt.

Musikalesch gi mir ab 20h00 vun der Rousperter Musek an duerno vum DJ Gilbert vun der Jocky Band ënnerhalen.Mir freeën Eis, Iech de Samschden ab 18 Auer ze empfänken an e flotten Owend mat Iech ze verbréngen! 

De Programm:

18h00 : Ufank

20h00 : Concert mat der Rousperter Musek

Duerno : Musek mat der Jocky Band - Tombola

Fir den Honger an den Duuscht:

Barbecue - Currywurscht - Kebab - Gedrënksstand - Gin Bar

P.S. fir d'Frënn vum Fussball : Mir hun och e Fernseh fir d'Matcher vun der Europameeschterschaft ze suivéieren

Divers

Mir schaffen mat Payconiq an Sumup.

Sponsoring

Wëllt dir gären eist Fest sponseren, fann dir hei ënnendrënner méi Detailer:

Ech well e Sponsoring machen

E grousse MERCI un d'Sponsoren vum Dickweiler Duerffest - Editioun 2024 !