Duerffest 2023

Mir soen all de Gäscht a Sponsoren vum Dickweiler Duerffest 2023 e grousse MERCI an hoffen dir konnt e flotten Moment bei ons verbréngen!
E grousse Merci geet och un all déi Léit déi eng Hand ugepaakt hunn, sief et beim Op-an Ofriichten, um Grill oder an de Gedrénksstänn.
E grousse Merci un d'Uesweller Musek fir deen flotten Concert an un onsen DJ, den Gilbert vun der Jocky-Band!
Mir wënschen Iech e schéinen Summer an eng erhuelsam Vakanz an freeën eis fir Iech op dem Duerffest 2024 erëm ze gesinn!
Dir kënnt hei och nach e puer Fotoen vum Duerffest ukucken!
Fir d'Frënn vum Gin, hei eis Gin&Tonic Kaart vun dësem Joer fir erofzelueden!